Iwwer Babbelix

Wat ass "Babbelix"?

D'Babbelix Applikatioun (*) gouf entwéckelt, fir déi mëndlech Sproochacquisitioun duerch Technologie ze erliichteren an ze beräicheren.

Wat fannen ech op dëser Websäit?

Hei fannt Dir vill inspiréierend Praxisbeispiller a kreativ Iddie fir Babbelix am Unterrecht vun de Cyclen 1 bis 4 ze benotzen.

Fir wien ass dës Websäit geduecht?

D'Beispiller sollen Enseignanten dozou inspiréieren, Babbelix effektiv am Sproochenunterrecht an a fächeriwwergräifend Projeten anzesetzen. Sief et fir spilleresch nei Vokabelen z'entdecken, fir mëndlech Geschichten z'erzielen, fir d'Aussprooch ze verbesseren, Sproochdiktater z'erstellen oder fir grammatesch Strukturen ze üben - Babbelix kann iwwerall do agesat ginn, wou déi mëndlech Sproochentwécklung gefërdert gi soll. D'Beispiller an der Inspiring-Practice Datebank sinn zum Deel aus den Übungsunitéite vun de Bicher a Methoden, déi am Moment an de Grondschoule genotzt ginn. Si sinn als generesch Léierszenarien an als Virschléi ze verstoen.
* iOS, Android, Webbrowser